Piirkond : Euroopa Liit
Keskkond

Géint d'Oofholzen vun de Beem an der Neier Avenue

Avaldaja ei ole avalik
Petitsioon on adresseeritud
Administration Communale de la Ville de Luxembourg
2 351 Toetav 2 347 sees Euroopa Liit

Petitsiooni esitaja ei esitanud petitsiooni.

2 351 Toetav 2 347 sees Euroopa Liit

Petitsiooni esitaja ei esitanud petitsiooni.

  1. Algatatud 2018
  2. Kogumine valmis
  3. Esitatud
  4. Dialoog
  5. Ebaõnnestus

21.02.2018 13:27

Feelerkorrektur


Neue Begründung: D'Stad Lëtzebuerg soll hirer Virbildfonktioun a Saachen Emwelt an Natur gerecht gin an de Projet vum Tram esou wéi d'Aarbechten un der Infrastruktur esou néi plangen, datt déi Beem an eventuell nach anerer stoë bleiwen kënnen.
Et geet hei nët em de reng techneschen Aspekt an och nët géint den Tram, et geet drëms wéi mir generell mat de Saachen emginn, an dësem Fall en Deel Patrimoine a Form vun wonnerschéinen Beem déi eis elo esou laang e gudden Dengscht geleescht hun a Form vun Sauerstoffspender an eis d'Aan erfréeën am Fréijor wann se bléihen, am Summer mat hire schéinen grenge Blieder an am Hierscht an hirer ganzer Ffuerwenpracht.
Fuerwenpracht.
An elo hënnern se well ee mam Bagger net laanscht kënnt also weg domat?
Dës Attitude ass exemplaresch fir eis Wegwerfgesellschaft déi an näischt mei e Wert gesäit, well et kann ee jo alles ersetzen, esouguer Menschen.
Dofir ass dës Pétitioun nët nemmen geduecht fir mat Ach und Krach déi Beem ze erhalen, ma et soll och e klengen Weckruf sin, fir sech d'Fro ze stellen op mir moralesch wierklech emmer korrekt ennerwee sin an alles probéiren waat technesch méiglech ass, fir de Fortschrëtt ze garantéiren awer mat dësem Fortschrëtt esou mann wéi méiglech Schued unzerichten.



Aidake tugevdada kodanikuosalust. Tahame teha Teie mured kuuldavaks, jäädes samas iseseisvaks.

Annetage nüüd