Region: Luxembourg
Miljø

Eng Chance fir de Wollef an eis natierlech Ökosystemer!

Kampanje tas opp
Chambre des députés
295 Støttende

Innsamling ferdig

295 Støttende

Innsamling ferdig

  1. Startet september 2023
  2. Innsamling ferdig
  3. Sendt inn
  4. Dialog med mottaker
  5. Beslutning

08.01.2024, 14:15

D'Petitioun gouf demoien mat 293 Ennerschrëften un de neien Emweltminister Serge Wilmes geschëckt. D'Lëtzebuerger Regierung haat vrun engem Joer zesummen mat de Regierungen vun 11 aaner EU-Memberlänner un d'Kommissioun appeléiert bei hierer "verstänneger Approche" vis-à-vis vum Schutz vum Wollef ze bleiwen.

Kuerz vru Chrëschtdaag huet d'Kommissioun lo eng Propositioun gemaat, fir de Wollef aus der Annexe II an d'Annexe III vun der Berner Aarteschutzkonventtioun ze déplazéiren. Domadder wier en da nët méi streng geschützt, mä just nach geschützt a kéint méi einfach geschosss gin. Mir hoffen, dat di nei Regierung, déi Propositioun nët matdréit.

Wann de Conseil d'Propositioun vun der Kommissioun unhuele geng, woufir eng qualifizéiert Majoritéit am Conseil néideg ass, kéint eng entsprechend Demande un de Standing Committee vun der Berner Aarteschutzkonventioun geriicht gin. Nach vrun engem Joer haat d'EU-Kommissioun d'Memberstaaten iwerzeegt, sou enger Demande vun der Schwaiz nët zouzestëmmen. D'Kommissioun huet deemols drop higewisen, dat den Erhaltungszoustand vum Wollef just an 18 vun 39 biogeographeschen Régiounen vun der EU positiv wier.


Bidra til å styrke innbyggermedvirkning. Vi ønsker å gjøre dine bekymringer hørt samtidig som vi forblir uavhengige.

Markedsfør nå