Mir fuerderen d’Lëtzebuerger Regierung op:
- sech derfir anzesetzen, datt de Wollef och weiderhin europawäit als eng geschützten Déierenaart gëllt an datt d’Eliminatioun vun eenzelen Déieren nëmmen a kloer justifizéierten Ausnamefäll méiglech ass;
- sech derfir anzesetzen, datt d’Wëssen iwwert de Wollef an aner sougenannte grouss Raubdéieren an hier Roll am Ekosystem ausgebaut gëtt;
- zesumme mat den aneren EU-Memberstaaten Propositiounen auszeschaffen, wéi d’Zesummeliewe vu Mënsch an Déier besser gestallt ka ginn a sech kategoresch géint d’Zerstéierung vun de natierleche Liewensraim vun den Déieren anzesetzen;
- och hei am Land Moossnamen ze ergräifen, déi e bessere Schutz vu wëllen Déieren an hiren natierleche Liewensraim garantéieren. Eis Landschaften an domadder och de natierleche Liewensraum vu Planzen an Déieren däerfen net weider morcelléiert ginn. Di sougenannte „mesures compensatoires“ oder „mesures d’atténuation” däerfe keng bëlleg Excuse fir d’Zerstéierung vun der Natur duerch iwwerflësseg Groussprojeten an Infrastrukturmoossname sinn.
- konkret Propositiounen auszeschaffen, wéi d’Verbindung tëscht de verschiddene Naturparken a -reserve ka gestäerkt ginn. Fräizäitaktivitéiten an Tourismus däerfen net op Käschte vun der Natur goen.
- doriwwer nozedenken, d’Juegd an de lëtzebuergeschen Naturparken an an de Natur- a Vulleschutzgebidder ganz ze verbidden;
- Aktivitéiten, déi zu engem bessere Verständnis vum Fonctionnement vun eisen Ekosystemer bäidroen, auszebauen an ze ënnerstëtzen.
Mir fuerderen d’Lëtzebuerger Europa-Deputéierten op, sech zu Bréissel konsequent fir de Schutz vum Wollef, den Aarteschutz an de Schutz vun eisen Ökosystemer anzesetzen.
Reason
Enn 19. Joerhonnert gouf de Wollef zu Lëtzebuerg an an de meeschten anere westeuropäesche Länner total ausgerott. Vru puer Joerzéngte sinn di éischt Wëllef aus Osteuropa a Richtung Weste gezunn an hunn sech do, wou se gënschteg Bedingunge fonnt hunn, néiergelooss.
Nodeems de Wollef 1979 zesumme mat puer honnert aner Déieren a Planzenaarten duerch di sougenannte Konventioun vu Bern fir den Erhalt vun den europäesche wëllen Déieren a Planzenaarten an hier Liewensraim vum Europarot geschützt gouf, gouf en 1992 och iwwer di sougenannten Habitat-Direktive vun der EU geschützt. E gëllt domadder als eng Déierenaart, där hiren Erhalt am Interessi vun der EU läit an däerf nëmmen ënner ganz restriktive Bedingunge geschoss ginn. Am Juni 2020 huet den Europäesche Geriichtshaff an engem Arrêt präziséiert, datt dëse Schutz net op di sougenannten natierlech Liewensraim vum Wollef limitéiert ass, mä och fir Wëllef gëllt, di dës Liewensraim verlooss hunn an sech a mënschleche Siidlungsgebidder ophalen.[1]
No der "Large carnivore initiative for Europe" ginn et haut nees eng 17.000 Wëllef an Europa, woubäi di meeschte Wëllef nach ëmmer an Ost- a Südosteuropa liewen. Gréisser Populatioune gëtt et bis well soss just nach an den Alpen an am Norde vu Spuenien a Portugal.[2] Vrun zéng Joer goufen déi éischt Wëllef och an eise Géigende gesinn, mee bis well handelt ët sech just ëm eenzel Déieren, vun denen een unhuele kann, datt se „op Passage“ sinn, a net a Ruddelen.
Obwuel sech d’Verbreedungsgebitt vum Wollef an de leschte Jore staark vergréissert huet an d’Wollefspopulatioune vrun allem an deene Länner staark zougeluecht hunn, wou de Wollef ausgerott oder sou gutt wéi ausgerott war, ass et falsch dervun auszegoen, datt d’Presenz vum Wollef lo a ganz Europa geséchert wier. Mënschlech Aktivitéiten a vrun allem eng extrem Landschaftszersiidlung an eiser Géigend wäerten eng definitiv Barrière fir eng weider Verbreedung vum Wollef an d’Formatioun vu Ruddele sinn.
Trotzdeem entwéckelt sech op ville Plazen an Europa Oppositioun géint de Wollef, déi duerch eng Mëschung vu reellen Evenementer, vrun allem Attacken op Béischten, a festverwuerzelten Ängschte vrum béise Wollef geniert gëtt. Enn August huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, d’Memberstaaten opgefuerdert, d’Ausnamereegelen, déi an der Habitat-Direktive virgesi sinn, auszenotzen an hier eng Bestandsopnam iwwert d’Wollefspopulatioun an hiren Impakt ze präsentéieren.
[3] Domadder reagéiert si op eng Resolutioun vum Europaparlament vum November 2022[4], bei där et drëms geet, de Schutzstatus vum Wollef a Fro ze stellen an et méi einfach ze maachen, Wëllef ofzeschéissen.
Wéi 2017 di éischt eendeiteg Beweiser iwwert d’Presenz vun engem Wollef hei am Land virlouchen, gouf direkt en Aktiounsplang aus dem Hutt gezaubert. Och wann et duerchaus berechtegt ass, Ziichter fir de Verrass duerch Wëllef ze entschiedegen, respektiv Preventivmoossnamen ze finanzéieren, woubäi di meescht Verrëss souwuel vu Wëld wéi och vu Béischten nach ëmmer op Hënn zréckféiere sinn, bleift en negativen Androck: De Wollef ass schonn nees e Problem!
Wëllef, Bieren, Luchsen, Fiiss, Wëllschwäin, Routwëld oder Kueben : Wou ëmmer de Mënsch op wëll Déiere stéisst, oder d’Déieren op de Mënsch, kënnt et zu Problemer. Och wann et sécher ass, datt d’ekologescht Gläichgewiicht - duerch d’Agrëffer vum Mënsch! - op d’Kopp gestallt ass, ass et net legitim, d’Déieren, déi sech hiren natierleche Liewensraum zréckerueweren oder versichen, eng Plaz an onser „ziviliséierter“ Welt ze fannen, einfach ofzeknallen. Grad bei de sougenannte Raubdéieren, déi schonn ëmmer als Konkurrenz zum Jeeër a Sammler ugesi goufen, sinn d’Grenzen tëscht enger scheinbar legitimmer Reguléierung an enger neier Ausrottung fléissend. Dobäi beweise Beispiller, wéi déi aus dem Yellowstone Nationalpark, datt grad Wëllef ee positiven Impakt op d’Biodiversitéit kënnen hunn, andeems se eng Iwwerpopulatioun vu Paarhufer an en iwwerméissegt Ofweede verhënneren. A ville Fäll kënnen sinn och als sougenannten „espèce parapluie“ ugesi ginn: Vum Schutz vun hire Liewensraim profitéieren nämlech och eng ganz Rei aner Déieren a Planzen.
------
[1] Arrêt de la Cour (deuxième chambre) du 11 juin 202 ; C-88/19 - Alianța pentru combaterea abuzurilor, https://curia.europa.eu/juris/liste.jsf?num=C-88/19
[2] LCIE: Wolf - Canis lupus: Wolf facts, https://www.lcie.org/Largecarnivores/Wolf.aspx
[3] Commission européenne: Loups en Europe : La Commission invite les autorités locales à utiliser pleinement les dérogations existantes et recueille des données en vue de l'examen de leur état de conservation, 4 septembre 2023, https://ec.europa.eu/commission/presscorner/detail/fr/ip_23_4330
[4] Europäisches Parlament : Entschließung des Europäischen Parlaments vom 24. November 2022 zum Schutz der Viehwirtschaft und der Großraubtiere in Europa (2022/2952(RSP)), https://www.europarl.europa.eu/doceo/document/TA-9-2022-0423_DE.html
This petition has been translated into the following languages
Translate this petition now
new language versionNews
Debate
No CONTRA argument yet.
Tools for the spreading of the petition.
You have your own website, a blog or an entire web portal? Become an advocate and multiplier for this petition. We have the banners, widgets and API (interface) to integrate on your pages.
API (interface)
- Description
- Number of signatures on openPetition and, if applicable, external pages.
- HTTP method
- GET
- Return format
- JSON
Why people sign
Wasserbillig
Als Beitrag zur Wiederherstellung des oekologischen Gleichgewichts. Natürliche Reduzierung des Schalenwildbestandes.
Mompach
Le Loup était un animal indigène au Luxembourg et c’est les chasseurs qui l’ont exterminé
Schouweiler
Wir sind es, die den Tieren ihren Lebensraum wegnehmen. Wir töten ihre Nahrung. Es geht nicht darum einige wenige Naturschutzgebiete für Tiere anzubieten, wir haben mehr als genug und noch zu viel Nahrungsmittel, es stört nicht wenn einige Tiere gerissen werden
Apecchio
Der Wolf ist und bleibt das "Canis Rex" und so sollte er behandelt werden
Knaphoscheid
I am against every kind of hunting and killing animals!