Região: Luxemburgo
Ambiente

Eng Chance fir de Wollef an eis natierlech Ökosystemer!

A petição é dirigida a
Chambre des députés
295 Apoiador

Colecta finalizada

295 Apoiador

Colecta finalizada

  1. Iniciado setembro 2023
  2. Colecta finalizada
  3. Submetido
  4. Diálogo com o destinatário
  5. Decisão

24/01/2024 08:35

An engem Interview mam L'Essentiel (www.lessentiel.lu/.../luxembourg-les-aides...) huet de neien Emweltminister Serge Wilmes gëschter erklärt, Lëtzebuerg geng d'Propositioun vun der EU Kommissioun, den internationale Schutz vum Wollef rofzesetzen, nët ënnerstëtzen. Dozou huet hien erklärt, dat Lëtzebuerg bis well keng gréisser Problemer mam Retour vum Wollef hät, a wann ët sollt zu Problemer mat eenzelnen Déire kommen, géif nach ëmmer d'Méiglechkeet bestoen, op Dérogatiounen zrëckzegraifen, déi ët erlaaben, eenzel Déiren ze schéissen.

Domadder stellt sech de Minister an d'Kontinuitéit vun der fréirer Regierung, déi sech fir e strengen Aarteschutz vum Wollef an der EU agesaat huet. 293 Persounen haaten d'Lëtzebuerger Regierung, an enger Petitioun opgefuerdert, dem Wollef an der Biodiversitéit eng Chance ze gin.

Lo bleiwt ofzewaarden, wéi sech di aaner EU-Memberstaate positionéiren. Fir dat d'Propositioun vun der Kommissioun ugehol gët, mussen 55 Prozent vun de Memberstaaten, déi insgesamt 65 Prozent vun der Populatioun vun der EU repräsentéiren, zoustëmmen. Emgekéiert, kënen 35 Prozent vun de Memberstaaten d'Propositioun blockéiren.

Et bleiwt also spannend an de Match ass nët gewonn!


Ajude a fortalecer a participação cívica. Queremos que as suas preocupações sejam ouvidas, permanecendo independentes.

Apoiar agora