Region: Luxembourg
Image of the petition D'Parlament muss e Gesetz stëmmen fir e Referendum duerch Volleksinitiativ mat 10.000 Ënnerschrëften
Civil rights

D'Parlament muss e Gesetz stëmmen fir e Referendum duerch Volleksinitiativ mat 10.000 Ënnerschrëften

Petitioner not public
Petition is directed to
Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg
0 supporters

Petition process is finished

0 supporters

Petition process is finished

  1. Launched 2013
  2. Collection finished
  3. Submitted
  4. Dialogue
  5. Finished

Mir fuerderen d' Parlament op e Gesetz ze stëmmen daat e Referendum duerch Volleksinitiativ mat 10.000 gesammelten Ënnerschrëften erméiglecht.

Reason

E Referendum duerch Volleksinitiativ ass eng Ofstëmmung vun allen wielberechtegten Bierger iwwer eng Virlag déi, duerch d'Initiativ vun enger virbestëmmter Mindestzuel vu Bierger, un d'Parlament adresseiert ginn ass. Eng Volleksinitiativ as daat wichtegst Instrument vun der direkter Demokratie.

De Referendum ass an der Vefassungsännerung vun 1919 fir d'éischt an eiser Geschicht an d'Verfassung opgeholl ginn. Säitdem gesäit den Artikel 51.7 folgendes fir: "Les électeurs pourront être appelés à se prononcer par la voie du référendum dans les cas et sous les conditions à déterminer par la loi." Leider hu mir 94 Joer duerno nach ëmmer keen esou ee Gesetz, obwuel an deenen 3 leschten Koalitiounsprogrammen vun CSV-DP (1999), CSV-LSAP (2004 an 2009) daat ganz kloer décideiert gi war. Wann dir dës Déklaratiounen noliesen wëllt, kënnt Dir op dei folgend Linken goen:

Auszuch aus der Ried vum Premier 2003: "CSV an DP hu sech an hirem Regirungsprogramm fir eng méi partizipativ Demokratie ausgeschwat. Dem ugekënnegten Ausbau vun de biergerleche Matsproocherechter gi mer am Gesetzprojet iwwert d’Volleksinitiativ an de Referendum ee konkreten Ausdrock." "Ee vun den demokrateschen Defiziter besteet doranner datt an de Matsproochepausen déi tëschent zwou Chamberwale leien, d’Leit, d’Bierger d’Gefill hunn, et géifen zukunftsbestëmmend Decisioune falen déi zwar an hirem Numm geholl ginn, zu deene si awer net gehéiert ginn, geschweigs dann nogelauschtert kréien." csv.lu/2003/05/a1197/

Auszuch aus der Ried vum Premier 2004: "D'Leit froe méi Partizipatioun um politeschen Entscheedungsprozess tëschent de Wahlen: si kréie s'iwwer de Wee vu Volleksbefroung a Volleksinitiativ." https://www.gouvernement.lu/gouvernement/programme-2009/programme-2004/declaration2004/index.html

Auszuch aus dem Koalitiounsprogramm 2004-2009 CSV-LSAP: "Le Gouvernement souhaite l’adoption du projet de loi sur le référendum et l’initiative populaire qui a été déposé à la Chambre des Députés en 2003. Outre la nécessité de régler l’organisation de référendums, le Gouvernement veut promouvoir par ce biais une participation accrue de la société à la vie publique." https://www.gouvernement.lu/gouvernement/programme-2009/programme-2004/programme2004/etat/index.html

Auszuch aus dem Koalitiounsprogramm 2009-2014 CSV-LSAP: "4. Initiative populaire et référendum: L’initiative populaire, permettant à un nombre déterminé de citoyens d’introduire dans la procédure législative une proposition de loi, sera inscrite dans la Constitution. La procédure à suivre par une telle initiative, qui sera réglée par la loi, s’inspirera de celle applicable aux propositions de loi émanant des députés." https://www.gouvernement.lu/gouvernement/programme-2009/programme-2009/01-etat/

Leider hun d'Koalitiounspartner an deenen leschte 14 Joer et net färdeg bruecht esou e Gesetz anzeféieren obwuel se et emmer erëm versprach hunn.

Duerfir fuerdert d'PID, dass elo endlech esou e Gesetz muss gemaach ginn. Waat d'Zuel vun den noutwendegen Ënnerschrëften ugeet, déi verlangt ginn fir en Referendum duerch Volleksinitiativ kënnen unzefroen, läit déi no der Propose vun 2003 nach ze héich. An der Schwäiz, wou 5.124.034 Bierger 2011 wahlberechtegt waren, sinn 50.000 Ënnerschrëften néideg fir e Referendum ze kréien géint e Gesetz waat d'Parlament décidéiert huet, oder 100.000 Ënnerschrëften fir e Referendum géint eng Verfassungsännerung. https://www.vimentis.ch/d/lexikon/282/Referendum.html Wann een daat op Letzebuerg ëmrëchent, wou 223.876 Bierger 2009 wahlberechtegt waren, dann kommen mer op 2.183 respektiv 4.366 noutwenneg Ënnerschrëften.

Mir fuerderen duerfir dass dat nächst Parlament e Gesetz stëmmt daat e Referendum duerch Volleksinitiativ erméiglecht mat 10.000 gesammelten Ënnerschrëften.

Wann Dir eis Fuerderung ënnerstëtze wëllt dann drot Iech an eiser Online-Pétitiounslëscht an. Wann dir nët wëllt dass äre Numm am Internet sichtbar ass, da klickt déi entspriéchend Case un.

Thank you for your support

Link to the petition

Image with QR code

Tear-off slip with QR code

download (PDF)

Not yet a PRO argument.

No CONTRA argument yet.

Help us to strengthen citizen participation. We want to support your petition to get the attention it deserves while remaining an independent platform.

Donate now