Region: Luxembourg
Culture

Legaliséirung an Entkrimminaliseirung vu Cannabis zu Lëtzebuerg

Petitioner not public
Petition is directed to
Premierminister Xavier Bettel
1,358 supporters

Petitioner did not submit the petition.

1,358 supporters

Petitioner did not submit the petition.

  1. Launched 2013
  2. Collection finished
  3. Submitted
  4. Dialogue
  5. Failed

Ziel funn dëser Pétitioun ass d' Entkriminaliséirung an Legaliseirung fie de Konsum fu Cannabisprodukter, an e staatlech iwwerwaachten, an gereegelten Verkaaf.

De Verkaaf wear am Idealfall dem hollännesche "Coffeeshop" Modell noempfonnen, wu sëch Jiddfereen, deen op mannst 18 Joer aal ass, eng rechtlech festgeluechten Quantitéit u Cannabis kann kaafen, déi dann och als Eegenkonsum-Grenz festgeluecht gëtt. Jiddfereen deen dëss Grenz iwwerschrëtt, kann trotzdem stroofrechtlech verfollegt ginn. De Konsum ass innerhalb fun den "Coffeeshops" oder op privatem Terrain tolleréiert. Ween an der öffentlechkeet konsuméiert sollt mat enger liichter Geldstroof bestrooft ginn.

D' Fueren ënner Afloss vu Cannabis soll natierlech och nët tolleréiert ginn, a sollt no engem ähnlechen Prinzip wéi d' Fueren ënner Alkoholafloss kontrolléiert, a bestrooft ginn.

Reason

Et ass medizinnech bewisen, dass de Cannabis Konsum dën onausgewuessenen Gehierer vu Jugendlechen, erhiefleche Schued zoufügen kann. Dofier muss den Konsum bei Jugendlechen réduzéiert ginn. A wéi mer gesinn hunn haalen "Oofschreck-Kampagnen", wei zum beispill de Spot vunn der Police Grand-Ducale, Artikelen am "Luxemburger Wort" oder Reportagen vum "RTL" déi Jugendlech nët vum Konsum oof, well se Onwourechten iwwert dëss Substanz verbreeden, déi souguer Nët-Konsumenten kengesweegs eechthuelen. Mier sinn der Meenung dass Opklärung ais méi wait brëngt wéi Oofschreckung. Aist Ziel ass et, duerch e kontrolléierte Verkaaf, de Schwaarzmaart auszeradéieren, an duerch streng Alterskontrollen an den "Coffeshops" (déi um Schwaarzmaart natierlech nët existéieren), ze verhënneren dass Jugendlecher a jonkem Alter Kontakt zu dëser Substanz kréien. Doduerch dass d' Cannabis-Konsumenten esou och nëtmei vum Schwaarzmaart oofhängech sinn, besteht och eng vill méi niddereg Gefohr, dass dëss gudd Bierger zu méi staarken, an eechthaft geféierleche Substanze gräifen. En plus fléisst duerch e legale Verkaaf bei waitem netméi esoufil Geld an de Schwaarzmaart, mee an d Keesen vun néien, klengen Entreprisen, an duerch Stéieren an TVA och an d Kees vunn aisem Staat, Cannabis-Konsumenten sin keng Krimmineller, a verdingen ët och nët esou behandelt ze ginn. Ais Gesellschaft tolleréiert Religiounen, Nationalitéiten a sexuell Orientéirungen, an elo kämpfen d Cannabis-Konsumenten fier Tolleranz, an dowéinst hoffe mier duerch dëss Petitioun d' Regierung ëm Ënnerstëtzung ze bieden.

Villmols Merci.

Thank you for your support

Link to the petition

Image with QR code

Tear-off slip with QR code

download (PDF)

Et get mol koltrolléiert wat gefemmt get, Faerdeg mat deenen Gestreckten Graasser, sou wessen d'Liet endlech dat se naicht schlechtes femmen

Vielleicht misst een mol mei streng mam Cannabis Konsum virgoen! Stellen mer eis folgenden Scenario vir: Persoun A ass 18 ginn an geed elo sech Cannabis kaafen. Mais sein Kolleeg Persoun B ass leider nach 16 oder 17 an derf dann awer mad femmen well A beschtemmt net nee zu Persoun B seet an sou brengen mer Drogen zu Jugendlecher an daat schon bahl Legal! D'Preiser wärten mei heich wei dei vum "Dealer" sinn, also weärt trotztdem all Mensch nach mam illegalen Handel weider maan.

Help us to strengthen citizen participation. We want to support your petition to get the attention it deserves while remaining an independent platform.

Donate now