Environnement

Géint d'Oofholzen vun de Beem an der Neier Avenue

Le pétitionnaire n'est pas public
La pétition est adressée à
Administration Communale de la Ville de Luxembourg
2 351 Soutien 2 347 en Union européenne

Le pétitionnaire n'a pas soumis/transmis la pétition

2 351 Soutien 2 347 en Union européenne

Le pétitionnaire n'a pas soumis/transmis la pétition

  1. Lancé 2018
  2. Collecte terminée
  3. Soumis
  4. Dialogue
  5. Echoué

D'Beem an der Neier Avenue an der Stad sollen erhaalen bléiwen.

Raison

D'Stad Lëtzebuerg soll hirer Virbildfonktioun a Saachen Emwelt an Natur gerecht gin an de Projet vum Tram esou wéi d'Aarbechten un der Infrastruktur esou néi plangen, datt déi Beem an eventuell nach anerer stoë bleiwen kënnen. Et geet hei nët em de reng techneschen Aspekt an och nët géint den Tram, et geet drëms wéi mir generell mat de Saachen emginn, an dësem Fall en Deel Patrimoine a Form vun wonnerschéinen Beem déi eis elo esou laang e gudden Dengscht geleescht hun a Form vun Sauerstoffspender an eis d'Aan erfréeën am Fréijor wann se bléihen, am Summer mat hire schéinen grenge Blieder an am Hierscht an hirer ganzer Fuerwenpracht. An elo hënnern se well ee mam Bagger net laanscht kënnt also weg domat? Dës Attitude ass exemplaresch fir eis Wegwerfgesellschaft déi an näischt mei e Wert gesäit, well et kann ee jo alles ersetzen, esouguer Menschen. Dofir ass dës Pétitioun nët nemmen geduecht fir mat Ach und Krach déi Beem ze erhalen, ma et soll och e klengen Weckruf sin, fir sech d'Fro ze stellen op mir moralesch wierklech emmer korrekt ennerwee sin an alles probéiren waat technesch méiglech ass, fir de Fortschrëtt ze garantéiren awer mat dësem Fortschrëtt esou mann wéi méiglech Schued unzerichten.

Merci pour votre soutien

Lien vers la pétition

Image avec code QR

Fiche détachable avec code QR

télécharger (PDF)

Actualités

  • Liebe Unterstützende,
    der Petent oder die Petentin hat innerhalb der letzten 12 Monate nach Ende der Unterschriftensammlung keine Neuigkeiten erstellt und den Status nicht geändert. openPetition geht davon aus, dass die Petition nicht eingereicht oder übergeben wurde.

    Wir bedanken uns herzlich für Ihr Engagement und die Unterstützung,
    Ihr openPetition-Team

Dës Beem gehéiren zum Staadbild vun eiser Haaptstaad an ech kann mär beim bäschten Wëllen nët virstellen, wéi d'avenue ouni dës Beem soll ausgesin---wahrscheinlech traureg! Zemols ëm d'krëschtzäit ass ët wonnerschéin beliicht. Daat soll esou bleiwen ! Sicht eng aaner Alternative !

Ech fannen et iwregens nët gut, dat én hei eng Petitioun kann ënnerschreiwen, ouni dat den Numm opdaucht. Wann ech da fir oder géint eppes sin, da soll ech w.e.gl. och de courage hun a mein Numm derbei setzen!

Contribuer à renforcer la participation citoyenne. Nous souhaitons faire entendre vos préoccupations tout en restant indépendants.

Promouvoir maintenant