Die petisie is gerig aan:
Premierminister Xavier Bettel
Ziel funn dëser Pétitioun ass d' Entkriminaliséirung an Legaliseirung fie de Konsum fu Cannabisprodukter, an e staatlech iwwerwaachten, an gereegelten Verkaaf.
De Verkaaf wear am Idealfall dem hollännesche "Coffeeshop" Modell noempfonnen, wu sëch Jiddfereen, deen op mannst 18 Joer aal ass, eng rechtlech festgeluechten Quantitéit u Cannabis kann kaafen, déi dann och als Eegenkonsum-Grenz festgeluecht gëtt. Jiddfereen deen dëss Grenz iwwerschrëtt, kann trotzdem stroofrechtlech verfollegt ginn. De Konsum ass innerhalb fun den "Coffeeshops" oder op privatem Terrain tolleréiert. Ween an der öffentlechkeet konsuméiert sollt mat enger liichter Geldstroof bestrooft ginn.
D' Fueren ënner Afloss vu Cannabis soll natierlech och nët tolleréiert ginn, a sollt no engem ähnlechen Prinzip wéi d' Fueren ënner Alkoholafloss kontrolléiert, a bestrooft ginn.
Rede
Et ass medizinnech bewisen, dass de Cannabis Konsum dën onausgewuessenen Gehierer vu Jugendlechen, erhiefleche Schued zoufügen kann. Dofier muss den Konsum bei Jugendlechen réduzéiert ginn. A wéi mer gesinn hunn haalen "Oofschreck-Kampagnen", wei zum beispill de Spot vunn der Police Grand-Ducale, Artikelen am "Luxemburger Wort" oder Reportagen vum "RTL" déi Jugendlech nët vum Konsum oof, well se Onwourechten iwwert dëss Substanz verbreeden, déi souguer Nët-Konsumenten kengesweegs eechthuelen. Mier sinn der Meenung dass Opklärung ais méi wait brëngt wéi Oofschreckung. Aist Ziel ass et, duerch e kontrolléierte Verkaaf, de Schwaarzmaart auszeradéieren, an duerch streng Alterskontrollen an den "Coffeshops" (déi um Schwaarzmaart natierlech nët existéieren), ze verhënneren dass Jugendlecher a jonkem Alter Kontakt zu dëser Substanz kréien. Doduerch dass d' Cannabis-Konsumenten esou och nëtmei vum Schwaarzmaart oofhängech sinn, besteht och eng vill méi niddereg Gefohr, dass dëss gudd Bierger zu méi staarken, an eechthaft geféierleche Substanze gräifen. En plus fléisst duerch e legale Verkaaf bei waitem netméi esoufil Geld an de Schwaarzmaart, mee an d Keesen vun néien, klengen Entreprisen, an duerch Stéieren an TVA och an d Kees vunn aisem Staat, Cannabis-Konsumenten sin keng Krimmineller, a verdingen ët och nët esou behandelt ze ginn. Ais Gesellschaft tolleréiert Religiounen, Nationalitéiten a sexuell Orientéirungen, an elo kämpfen d Cannabis-Konsumenten fier Tolleranz, an dowéinst hoffe mier duerch dëss Petitioun d' Regierung ëm Ënnerstëtzung ze bieden.
Villmols Merci.