Die petisie is gerig aan:
Gemeng Junglinster
Eng Museksschoul um Site vun der Villa Beck, fanne mir, géing erlaben dass all di kulturell Raimlechkeeten sech géingen am Duerfzentrum befannen. E weidert kulturellt Gebai am Duerf wier disponibel fir gréisser Ausstellungen oder kulturell Evenementer z’organiséieren., Proufsäll fir lokal Gesangverainer oder Ensemble’en kennen an deem neie Gebai eng Plaz fannen wat d’Duerfliewen lieweg mecht. D’Kanner kinnten zu Fouss goen, entweder vun doheem oder vum Parking Jongmëtt, wieren an der frëscher Loft a géingen sech bëssen beweegen iert se an de Musekscours gin. Wier d’Musikschoul op Fréinen, esou wi d’Gemeng et plangt, gengen all di Avantagen ewechfalen.
Dofir si mir derfir d’Museksschoul op dem Site vun der Villa Beck ze realiséieren.
Rede
Mir brauchen eng nei Museksschoul.
Mee, wëlle mer all d’Aktivitéiten fir Kanner ausserhalb vum Duerf?
Kultur gehéiert an d’Duerf!