Petiția este adresată către:
Gemeng Junglinster
Eng Maison Relais brauch Plaz. Déi ass op Fréinen. En effiziente Bussystem kinnt den Trajet Maison Relais-Schoul assuréieren. Et wier genuch Parking do fir dass d’Elteren hir Kanner a Rou moies dohinnerbrengen an mëttes oder owes erëm siche kommen. D’Kanner aus der Maison Relais kinnten ouni Organisatioun vun Transport, selbstänneg un hiren Sportsaktivitéiten deelhuelen, wann den Alter et erlaabt an fir d’Maison Relais géingen sech nei Aktivitéiten ubidden well de Bësch an d’Wanderweeër direkt niewendrun leien.
motive
Mir sinn d’Accord dass d’Maison Relais ze kleng ass, mee :
Mat enger “Maison Relais” nieft der Spillplaz verschwënnt dann och di lescht ëffentlech Wiss am Duerfkär. Wou sollen d’Kanner sech ophalen, treffen oder roueg kenne spillen, besonnesch déi, di kee Gréngs bei hirer Wunneng hunn (Bsp.: Jongmëtt, …)? Wou kennen Kanner mat hiren Elteren, Jugendlecher an eeler Leit eng Platz fannen fir sech ze begéinen oder sech gemittlech op eng Bänk setzen?